Diese Veranstaltung ist geschlossen

Den 30. September 2018 iwwerhuelen déi « Jonk Chefs » vun Euro-Toques d’Muecht hannert den (Héich)Uewen!

 

Hiren Programm? Een Evenement ganz an hirem Sënn, fir Iech op eng verréckten Aart an Weis gesond Iessen méi no ze bréngen. Vum Produzent op den Teller, vum Feld an d’Kichen, dëst op direktem Wee, mat der Iddi fir Iech des Produkter op hier Manéier zoubereet entdecken ze loossen.

 

Dat ganzt op enger Platz wou Stol Geschicht geschriwwen huet an vill haart Aarbecht geleescht gouf. An dem Sënn wëllen di « Jonk Käch hannert den Héichuewen » déi natierlech an schéin Produkter nees ervir hiewen an  erëm an den Mëttelpunkt vun äiser haiteger globaliséierter Welt stellen.

 

Op dem wonnerschéinen, historeschen Site zu Esch Belval, ënnert den Héichuewen, fannt Dir äis « Jonk Chefs » an engem Duerf wéi fréier mat engem Geméishändler*, Kéishändler*, an Metzler* souwéi engem klengen Bauerenhaff mat sengen Déieren. 

 

Nieft der Gastronomie, steet dësen Dag awer och am Zeechen vum Zesummesinn, vum Kenneléieren an vum Feieren. Den ganzen Nomëtten gëtt musikalesch mat den beschten Lidder vun der Grupp « The Bend » begleet.

 

Verschidden Baren, wéi zum Beispill eng Cocktailbar oder eng Schampesbar, stinn Iech den ganzen Dag zur Verfügung.

 

Och di Kléng kommen den Dag op hier Käschten. Fir sie gëtt et hiert eegent klengt Duerf mat Sprangschlässer, Déieren vum Bauerenhaff an engem Restaurant. (D’Kannerduerf gëtt vun Animateuren encadréiert.)


Jonk Käch hannert den Héichuewen
Jonk Käch hannert den Héichuewen